Wa Geräter vum Hiersteller bewosst ausgeknipst ginn

(... an aner Auswierkunge vum aktuelle Cloud-Hype.)

Revolv Hub ass e Schaltzentrum vun enger Smart-Léisung déi vun Alphabet (a.k.a. Google) kënnt. 2014 ass deen Apparat fir d'lescht verkaf ginn, elo gouf annoncéiert, dass e Mëtt Mee wäert dout sinn. Einfach esou. Den Hannergrond ass wéi et schéngt deen, dass dat Gerät op eng fundamental Aart a Weis un Internet-Servicer gebonne war an déi entspriechend Serveren elo ofgeschalt ginn. Relevant ass dat dowéinst, well déi Ëmschreiwung op ëmmer méi Geräter zoutrëfft.

Bei der Samsung-Tëlee, déi ech viru mer stoen hunn, vergeet quasi kee Mount an deem net iergend e Service ofgeschalt gëtt oder eng entspriechend Ukënnegung kënnt. Aktuell kréien ech bei all Aschalten ageblent, dass Skype for Smart-TVs demnächst net méi disponibel wäert sinn. Bei mengem Sony Blu-Ray Player ass Youtube längst ofgeschalt ginn. An deenen zwee Fäll ass et natierlech esou, dass Samsung a Skype, Sony a Google getrennte Firme sinn an d'Funktionalitéit déi verluer geet net d'Haaptfunktionalitéit vum Gerät betrëfft. Trotzdem: a béide Fäll waren et sécherlech Funktiounen, déi beim Kaf als Features méi oder manner grouss op der Verpackung vermierkt waren.

An déi Ofhängegkeet vun externe Servicer hëlt leider ëmmer méi zou an dat och, wann et keng wierklech technesch Noutwendegkeet gëtt. Esou wéi eben am Beispill vum Revolv Hub.

A genee sou eng Infrastruktur bidden zu Lëtzebuerg deemnächst d'Post an Enovos a Kooperatioun un: Active SmartHome nennt dat sech dann. D'lescht Joer schonn haten d'Post an Enovos Informatiounsstänn op enger vun de Foiren. A wat se präsentéiert hunn, huet nawell e ganz gudden éischten Androck op mech gemaach. Dat zentraalt Element an deem Ökosystem ass e "Gateway" deen iwwer Funk déi eenzel Geräter (Luuchten, Thermostat, Bewegungsmelder, etc, etc.) uschwätzt, ausliest, steiert. Iwwert Apps fir de Smartphone/Tablet respektiv e Web-Interface kann een de System no Beliebe konfiguréieren. Och als Alarmanlag.

An elo de Knüller:

Eng vu mengen éischte Froe war, ob een den Accès op dee Web-Server (well eppes anescht war et a mengen An net) dann och kéint reng op dat internt Netzwierk beschränken a vu baussen iwwert e VPN drop zougräifen. Et huet sech erausgestallt, dass dee Web-Interface guer net um Gateway leeft, mä alles bei der Post zentraliséiert ass. Ee vun de Features(!!) ass deementspriechend, dass och d'Videoe vun eventuellen Iwwerwaachungskameraen (fir den Alarmanlagenaspekt) securiséiert an engem Post-Datenzentrum gespäichert ginn. Videoen aus mengem Doheem. Wéini ech doheem sinn a wéini net. Wéi meng Alarmanlag programméiert ass. Etc.

Bei sou enger Approche stellt sech emol net méi d'Fro, ob a wéi laang de Support garantéiert ass... An dat Bescht/Schlëmmst: fir de Z-Wave System, deen ee vun den Haaptpilieren ass, ginn et duerchaus och Gateways, bei deenen d'Logik (Konfiguratioun, Daten déi ufalen, Web-Interface) allesamt lokal stockéiert ginn. Mä firwat e klassescht lokaalt Gerät, wann och eng Cloud-Léisung denkbar ass, fir déi een all Mount och nach en Abonnement akasséiere kann... (Dat ass och virgesinn, wann ech mech richteg erënneren.)

Ech kann nëmmen hoffen, dass genuch Leit ähnlech Usiichten hunn an inhärent cloud-baséiert Produkter net alles anescht vum Marché verdrängen.

Tags : CloudGoogleNestActiveSmartHomePostEnovos

Copyright © 2015–2024 Hambier
GS RU