Favicon

Ech hätt net geduecht, dass e Favicon setzen hautdesdaags sou eng ëmständlech Affaire ginn ass. Mä effektiv: de Browser weist e méi oder manner klengen Ikon un, wann een e Site um Homescreen vum Smartphone ofleet brauch ee méi e grousse Logo, mol gëtt de Logo an engem Disk ënnerbruecht, mol an engem Quadrat, emol mat transparentem Hannergrond, emol mat opaquem. An dass Android, iOS, Windows 8 getrennte Weeër gi wonnert och keen.

De ganze Kuddelmuddel kann een op der Wikipedia bewonneren, wou a gréisseren Tabellen opgelëscht gëtt, wéi eng Syntax bei wéi e Browser respektiv Endgerät passt.

Wann een net e ganzen Dag un enger optimaler Léisung knéchele wëll, da gräift een eben op en online Favicon-Generator wéi z.B. de "Real Favicon Generator" zeréck. Dat funktionéiert effektiv guer net emol schlecht. An engem Online-Preview kann ee sech gutt e Bild dovunner maachen, wéi et herno op de jeeweilegen Endgeräter a verschiddene Situatiounen ausgesäit:

Real Favicon Generator (screenshot)

Fir de Rescht ass d'Installatioun net all ze schwéier: ZIP-File am root-Folder vum Webserver entpaken a fäerdeg!

Tags : favicon

Copyright © 2015–2024 Hambier
GS RU