GetSimple & Co.

Eigentlech war mäi Plang de ganze Setup vum Raspberry Pi ze dokumentéieren, speziell wat de Content Management System / Blog ugeet. Well déi ganz Installatioun awer eng Zäitchen hir ass, erënneren ech mech net méi un all Detail.

Hei sinn dann awer trotzdem e puer minimal technesch Detailer, wat mäi Setup ugeet:

D'Hardware

... ass e Raspberry Pi. Dee muss ech wahrscheinlech net méi vill virstellen: Et ass e vollwertege Computer op enger klenger Platine. ARM-Prozessor, 512MB RAM, 2 USB-Uschlëss, LAN (100MBit/s), SD-Card, eng Rëtsch GPIO-Pins, that's it! (Et ginn e puer Varianten, de Raspberry Pi 2 ass ze recommandéieren, dëse Site leeft awer um Raspberry Pi 1 B.)

D'Software

... muss un déi dach e bësse schwaach CPU adaptéiert sinn. Wat d'Betriebssystem ugeet ass dat kee gréissere Problem: Linux leeft op sou zimlech allem, vun “Embedded devices” (Ënnerhalungselektronik, Router, etc.) bis hin zu de séierste Supercomputer. Fir de Server-Asaz hunn ech mech fir Minibian entscheed. Dat ass e minimalistesche System op Basis vum méi verbreetene Raspbian, dee selwer erëm op Debian baséiert.

Als Web-Server kënnt nginx (“Engine X”) zum Asaz. Dee Server ass eng zouverlässeg, sécher a virun allem ressourcë-schounend Alternativ zum Apache. Aus der nämlechter Iwwerleeung eraus, ass mäi Choix fir en CMS dann och net op de WordPress gefall, mä op de manner bekannte GetSimple a Kombinatioun mat engem Blog-Plugin.

Tags : getsimpleminibiannginxraspberrypi

Copyright © 2015–2024 Hambier
GS RU