House of Cards: Season 4 (nach) net fir Lëtzebuerg

Léiwer e fiktiven Underwood, wéi e ganz realen Trump...

Mä leider huet den Netflix-Support mer grad bestätegt, dass déi 4. Season vun House of Cards nach net fir Lëtzebuerg disponibel ass. An och e Release-Datum fir Lëtzebuerg gëtt et nach net. (An Informatiounen iwwert d’Hannergrënn och net. Mä dat hunn ech mer och net wierklech erwaart.)

D’Madame vum Online-Support war awer super frëndlech an huet nach gemengt:

You will know once it is available if you check our Facebook or Twitter page. This is a very popular show so I'm sure it will come really soon!

Mol kucken.

Update: Esou wäit ech dat gesinn, huet BeTV d’Rechter un der 4. Saison fir d’Belsch a Lëtzebuerg kaf. D’Post mécht op alle Fall Reklamm fir déi nei Staffel House of Cards, disponibel op Sky a BeTV. Fir mech perséinlech ass domat d’Situtatioun gekläert: HoC ass eng Netflix-Eegeproduktioun, déi ech gehollef hu finanzéieren, mä elo net ze gesi kréien. Abonnement gekënnegt. Dass den Netflix-Support net emol d’Éierlechkeet hat, kloer ze soen, wéi d’Situatioun ass, mécht et net besser.

Tags : NetflixHouseofCardsFrankUnderwoodSeason4LuxembourgLëtzebuerg

Copyright © 2015–2024 Hambier
GS RU