Problemer mat der Tëlee vun der Post

... oder méi fair a präzis: ni méi Netgear!

Mä der Rei no: D’PostTV ass e Produkt nom Prinzip vum IPTV, dem Tëlee-Kucken iwwer IP-Technik. Fir d’Fernsehinhalter z’iwwerdroen ginn also ähnlech Technike benotzt wéi et beim Surfen, Chatten, E-Mailen och de Fall. Dat stëmmt awer net ganz. Bei deene grad genannten Techniken kommunizéieren ëmmer zwee Endgeräter mateneen (z.B. Computer a Server), all Datepak huet also genee eng Empfangsadress ("Unicast").

Well et awer nëmmen eng begrenzt Unzuel un Tëleeskanäl gëtt an déi gläichzäiteg vu Millioune Leit gekuckt ginn, ginn déi Packets nom Prinzip vum Multicast verschéckt: d’Empfangsgeräter abonnéiere sech op deen een oder aner Kanal an déi ganz Netzwierktechnik dertëscht (Infrastruktur beim ISP, Modem, Router, Switch) kuckt dono, dass déi Datepäck exakt bei deene Geräter ukommen, déi se och wëllen a brauchen. Mä gläichzäiteg muss den TV-Anbieter all Datepak just eemol verschécken an net milliounemol.

Souwäit d’Theorie. D’Saach huet natierlech ee klengen Hoken: versteet ee Gerät, speziell e Switch, kee Multicast, da mécht en dorausser e Broadcast: e schéckt déi Datepäck op all Port eraus, adresséiert u jiddwer Empfangsgerät. Geräter déi mat deenen Datepäck näischt ufänke kënnen, ignoréieren et. Méi blöd gëtt et wann eent vun deene Geräter e WLAN Access Point ass: dat sent déi Paketer dann iwwert de WLAN a blockéiert e gudden Deel vun der oft scho knapper Bandbreet. An da ginn d’Problemer richteg un. Wat d’Netzwierk méi grouss gëtt an d’Unzuel u benotzte Geräter méi grouss gëtt, wat dee Problem natierlech méi schlëmm gëtt.

A genee aus deene Grënn hunn ech am Januar e Switch kaf, dee Multicast versteet. Méi präzis: et ass en Netgear GS-108Ev3 an dee beherrscht IGMPv3-Snooping. A mat deem ass den Ierger weidergaangen:

  1. Den agebaute Cable-Tester huet net funktionéiert. De Support vun Netgear war zwar eenegermoosse beméit, mä geléist gouf et net.
  2. Egal wéi ech verkabelt hunn, egal wat ech u QoS-Astellungen, Prioritéiten, Bandbreedbegrenzunge fir eenzel Ports agestallt hunn, d’Tëlee vun der Post huet weiderhin all puer Minutte kleng Aussetzer gehat an deenen d’Bild oder Deeler vum Bild fir Sekonnebrochdeeler verpixelt waren.
  3. E Firmware-Update war net a Siicht.

Iergendwann hunn ech et opginn a gekuckt iwwert Devolo-Powerline-Adapter eng komplett separat Leitung an den Tëleeseck anzeriichten fir de facto d’PostTV direkt un d’Fritz!box unzeschléissen. Virun e puer Deeg dunn hunn ech festgestallt, dass et zanter Mäerz e Firmware-Update gëtt. Tipptopp duecht ech, vläicht geet et elo besser. Wäit gefeelt: et war mer net méiglech déi nei Firmware drop ze lueden, gläichzäiteg war déi all awer scho geläscht an um Switch war just nach Boot-Code fir neier ze lueden. De Switch hat zwar nach seng Basisfunktionalitéit, mä näischt méi vun deem wat den 2- bis 3-fache Präis par rapport zu engem 08/15-Switch erkläert. Den Upload vun der Firmware (iwwert de Web-Interface vum Switch) ass ëmmer hänkebliwwen, egal ob ech et mat Chrome oder mat Firefox probéiert hunn.

Kuerz ier ech d’Gerät a Reparatur schécke wollt hunn ech nach iergendwou e Windows-Gerät ervirgekroomt. Zu menger grousser Verwonnerung huet den Upload mat Firefox ënner Windows geklappt, mat Firefox ënner Linux awer net!?

Bilan

Netgear bréngt et fäerdeg...

  1. bei der Modellpfleg (vun GS108Ev2 op GS108Ev3) de Switch massiv ze verhonzen (et fënnt ee vill erschreckend Berichter, wann ee bis weess no de richtege Stéchwierder ze sichen);
  2. e Browser-baséierte Firmware-Update virzegesinn, dee reproduzéierbar feelschléit wann d’Betribssystem net „dat richtegt“ ass;
  3. dass IPTV eréischt ee Joer nom Erausbrénge vun der Hardware zefriddestellend funktionéiert. (A laut Berichter war kee Problem mat der „v2“"!)

Wéinstens leeft elo alles wéi et soll. Uff!

Tags : NetgearSwitchGS108Ev3TëleevunderPostPostTVIPTVIGMPv3-SnoopingMulticastBroadcast

Copyright © 2015–2024 Hambier
GS RU