OneDrive for Business & Linux

Zanter kuerzem hunn ech vun der Aarbecht hir e „OneDrive for Business“-Konto. Grond genuch ze kucken, wéi et ëm de Linux-Support steet. Hei d’Resultater vu menger Recherche:

  1. E Synchronisatiouns-Client (native) gëtt et net, weder offiziell, nach inoffiziell. Geplangt ass et och net.
  2. Op enger Rëtsch Plaze geet Rieds vun engem WebDAV-Accès fir de OneDrive als Lafwierk ze mappen. Dat trëfft awer nëmmen op Windows zou, well weder OS X nach Linux kënnen iwwert dee Wee drop zougräifen. Wahrscheinlech ass et net wierklech WebDAV, mä eng proprietär „erweidert“ Versioun.
  3. Eenzeg verbleiwend Méiglechkeet: de Web-Interface.

 

Fazit: Ech si frou, net mussen domat ze schaffen (mäi Seafile funktionéiert impeccabel!), zemools wou et och nach folgend kleng Detailer ginn:

  1. OneDrive a OneDrive for Business hu genee eng Gemeinsamkeet: den Numm. Technesch si se absolut ënnerschiddlech an dat huet schonn zu vill Confusioun gefouert.
  2. Et ginn Onmassen u Restriktioune wat d’Daten ugeet, déi een ofspäichere kann. (z.B. verbueden Dateinimm, nëmmen 20000 Dateien, etc.)
  3. E Mac-Client gëtt et bis elo just an enger Preview-Versioun.

Tags : OneDriveforBusinessWebDAV

Copyright © 2015–2024 Hambier
GS RU